Deng ganzheetlech eent zu eent Doula Begleedung duerch Schwangerschaft, Gebuert, Postpartum an däi FraSinn

Säit 2013 begleeden ech als Doula Elteren op hirem Wee zu enger erfëllender a selbstbestëmmter Schwangerschaft, Gebuert, Postpartumszäit an am FraSinn. Als Doula bekëmmeren ech mech em dain Wuelbefannen.

Ech hu 4 wonnerbar Jongen an dës Welt gebuer an hunn u mengem eegene Kierper d'positiv Effekter vum Hypnobirthing dierfte spieren.

Ech war sou begeeschtert dat ech 2013 d’Hypnobirthingausbildung gemaach hunn, a saitdeems sinn vill aaner Formatiounen dobai komm, ënnert Anerem Therapeutesch Fraëmassage, Rebozo Relaxatioun a Ritualer, Droberodung (Trageschule Hamburg), Schwangerschafts a Postpartumyoga, Forest bathing (a Formatioun), Humanistësch Hypnose, an dei sëlleg Stonnen vu klenge Weider-Fortbildungen.

An do ass mäin Doula Wee ugaang… eng grouss Passioun, di säitdeem net méi opgehalen huet.

Ech fille mech an déiwer Connectioun mat der Natur a mengen Instinkter. Ech lauschteren ëmmer op mäin Häerzgefill dat mir déi richteg Richtung am Liewe weist.

Dëst déift Vertraue wëll ech mat menger Aarbecht och an deene Fraen erwächen déi ech begleeden dierf.

Ech reesen immens gären an eng weider Passioun ass et mäin eegent Geméis unzebauen.

Asëch passionéiert alles mech wou ech ka mat Bewonnerung nokucke wei et wiisst, esou perfekt, an Harmonie mat der Natur.


MENG BEGLEEDUNGE FIR DECH

  • DENG SCHWANGERSCHAFT

    -Hypnobirthing am Eenzel oder Gruppecour ab 480€

    -Massage fir d’Wuelbefannen (TFM oder Ayurvedesch) 130€

    -Rebozo Entspanung 130€

    -Droberodung ab 70€

    -Schwangerschaftscoaching ab 70€

    -Intensiv exclusiv Begleedung (inkl. kierperlech Entspanunung, Hypnobirthing Privatcour & onlimitéiert Erreechbarkeet) 1730€

    -Blessingway ab 220€

    -Eenzelretraite inklusiv Hypnobirthing (2 Wochen) ab 990€

    -Schwangerschaftsyoga ab 15€

  • DENG GEBUERT

    -Ruffbereetschaft fir de Schluss vun der Schwangerschaft & Gebuert 24/24 - 7/7 (ab der 38. SSW)

    (fir dei Mammen dei sech eng telefonesch Errechbarkeet wënschen fir d’Enn vun der Schwangerschaft an d’Gebuert. Ideal als Zousatz zum Hypnobirthing)

    370€

    -Gebuertsbegleedung (net medezinescha just a Begleedung vun enger Hiewann) bei dir doheem, am Spidol oder am Gebuertshaus mat Ruffbereetschaft 24/7 ab der 37. Woch bis 42. Woch

    Ech kucken no dengem Wuelbefannen an ennerstëtzen mat Entspanungs- an Hypnosetechniken

    ab 550€

  • DAI POSTPARTUM

    -Rebozo Schliessungsritual 380€

    -Mini Schliessungsritual 190€

    -Heilbad (Ritual fir eng traumatesch Gebuert ze verschaffen) 170€

    -Massage fir d’Wuelbefannen (TFM/Ayurvedesch) 130€

    -Postpartumdoula fir dech an dengem Wochebett ze ënnerstëtzen (fir dech kachen, dir an denger eichter Zait mam Bebe eng Staip ze sinn, deng Wäsch ze maachen, fir dai Wuelbefannen ze suergen) ab 130€

    -Droberodung ab 65€

  • DAI WUELBEFANNEN & RITUALER & RETRAITEN

    -Hypnose Séance (och ausserhalb vu Schwangerschaft a Kannerwonsch) 140€

    -Rebozo Schliessungsritual 380€

    -Rebozo Entspanung 130€

    -Blessingway ab 220€

    -Massage fir d’Wuelbefannen (TFM/Ayurvedesch) 130€

    -Reiki ab 70€

    -Intensiv 1:1 Begleedung fir deng Perséinlechkeetsentwécklung (fir sech op e neie Liewenswee ze lançéieren) (iwert e puer Méint) 1730€

    -Retraite sur Mesure (Prais op Ufro)

    -Eenzelretraite inklusiv Hypnobirthing (2 Wochen) ab 990€

    -Fraekreesser

    -Forest bathing (a Formatioun)

D’Servicer dei ugebuede ginn, dengen ausschliesslech dem allgemenge Wuelbefannen. Si stelle keng medezinnesch oder therapeutesch Behandlungen am Sënn vun de gesetzlëch geregelten Gesondheetsberuffer duer. Si ersetze keng Betreiung duerch Dokteren, Hiewannen, Psychotherapeuten oder Kiné’en a si net dozou geduecht, Krankheeten ze diagnostizéieren, ze behandelen oder ze heelen.

HypnoBirthing Birth

nächst Daten 2025:

  • 5 × 2,5h Cour

    iwer Zoom, gemittlech vun doheem um Canapé

    480€ pro Participant-e/Koppel

    d’Aschreiwunge sinn op, meld dech a mir leen zesummen passend Date fir jiddfereen aus

  • Op Nofro

    Austauschkreess iwer Temperaturmethod

    Dee Kreess ass fir dech wanns du wells:

    ✨ dain Zyklus verstoe léieren

    ✨ Temperathurmethod (NFP) wells kenneléieren

    ✨ dir e Bebe wënschs/kee Bebe wënschs an domat wells deng fruchtbar Deeg erausfannen

    ✨ firwelzeg bass a wells mei dozou wessen, egal op’s du deng eicht Regel nach net haas oder schon an der Menopause bass

    ✨ selwer Temperaturmethod uwenns a wells Austausch mat aaneren doriwer hunn

    iwer Zoom am Grupp 20€

  • All meng Servicer sinn als 1-1 Couren zu all Moment buchbar

  • kierperlech Entspanung zu Elvange Bieles oder bei dir doheem

    Droberodung bei dir doheem

ech reservéieren meng Plaatz

“Du kanns d’Wellen net stoppen, awer du kanns léieren op hinnen ze surfen”

Jon Kabat-Zinn