Deng ganzheetlech eent zu eent Doula Begleedung duerch Schwangerschaft, Gebuert, Postpartum an däi FraSinn

Säit 2013 begleeden ech zu Lëtzebuerg als Doula Elteren op hirem Wee zu enger erfëllender a selbstbestëmmter Schwangerschaft, Gebuert, Postpartumszäit an am FraSinn. Als Doula bekëmmeren ech mech em dain Wuelbefannen.

Ech hu 4 wonnerbar Jongen an dës Welt gebuer an hunn u mengem eegene Kierper d'positiv Effekter vum Hypnobirthing dierfte spieren.

Ech war sou begeeschtert dat ech 2013 d’Hypnobirthingausbildung gemaach hunn, a saitdeems sinn vill aaner Formatiounen dobai komm, ënnert Anerem Therapeutesch Fraëmassage, Rebozo Relaxatioun a Ritualer, Droberodung (Trageschule Hamburg), Schwangerschafts a Postpartumyoga, Forest bathing (a Formatioun), Humanistësch Hypnose, an dei sëlleg Stonnen vu klenge Weider-Fortbildungen.

An do ass mäin Doula Wee ugaang… eng grouss Passioun, di säitdeem net méi opgehalen huet.

Ech fille mech an déiwer Connectioun mat der Natur a mengen Instinkter. Ech lauschteren ëmmer op mäin Häerzgefill dat mir déi richteg Richtung am Liewe weist.

Dëst déift Vertraue wëll ech mat menger Aarbecht och an deene Fraen erwächen déi ech begleeden dierf.

Ech reesen immens gären an eng weider Passioun ass et mäin eegent Geméis unzebauen.

Asëch passionéiert alles mech wou ech ka mat Bewonnerung nokucke wei et wiisst, esou perfekt, an Harmonie mat der Natur.


MENG BEGLEEDUNGE FIR DECH

  • DENG SCHWANGERSCHAFT

    -Hypnobirthing am Eenzel oder Gruppecour ab 480€

    -Kierperlech Entspanung 130€

    -Rebozo Entspanung 130€

    -Droberodung ab 70€

    -Schwangerschaftscoaching ab 70€

    -Blessingway ab 220€

    -Eenzelretraite inklusiv Hypnobirthing (2 Wochen) ab 990€

    -Schwangerschaftsyoga ab 15€

  • DENG GEBUERT

    -Ruffbereetschaft fir de Schluss vun der Schwangerschaft & Gebuert 24/24 - 7/7 (ab der 38. SSW)

    (fir dei Mammen dei sech eng telefonesch Errechbarkeet wënschen fir d’Enn vun der Schwangerschaft an d’Gebuert. Ideal als Zousatz zum Hypnobirthing)

    370€

    -Gebuertsbegleedung (net medezinescha just a Begleedung vun enger Hiewann) bei dir doheem, am Spidol oder am Gebuertshaus mat Ruffbereetschaft 24/7 ab der 37. Woch bis 42. Woch

    Ech kucken no dengem Wuelbefannen an ennerstëtzen mat Entspanungs- an Hypnosetechniken

    ab 550€

  • DAI POSTPARTUM

    -Rebozo Schliessungsritual 380€

    -Mini Schliessungsritual 190€

    -Heilbad (Ritual fir eng traumatesch Gebuert ze verschaffen) 170€

    -Kierperlech Entspanung 130€

    -Postpartumdoula fir dech an dengem Wochebett ze ënnerstëtzen (fir dech kachen, dir an denger eichter Zait mam Bebe eng Staip ze sinn, deng Wäsch ze maachen, fir dai Wuelbefannen ze suergen) ab 130€

    -Droberodung ab 65€

  • DAI WUELBEFANNEN & RITUALER & RETRAITEN

    -Hypnose Séance (och ausserhalb vu Schwangerschaft a Kannerwonsch) 140€

    -Rebozo Schliessungsritual 380€

    -Rebozo Entspanung 130€

    -Blessingway ab 220€

    -Kierperlech Entspanung 130€

    -Reiki ab 70€

    -Retraite sur Mesure (Prais op Ufro)

    -Eenzelretraite inklusiv Hypnobirthing (2 Wochen) ab 990€

    -Fraekreesser

    -Forest bathing (a Formatioun)

D’Servicer dei ugebuede ginn, dengen ausschliesslech dem allgemenge Wuelbefannen. Si stelle keng medezinnesch oder therapeutesch Behandlungen am Sënn vun de gesetzlëch geregelten Gesondheetsberuffer duer. Si ersetze keng Betreiung duerch Dokteren, Hiewannen, Psychotherapeuten oder Kiné’en a si net dozou geduecht, Krankheeten ze diagnostizéieren, ze behandelen oder ze heelen.

HypnoBirthing Birth

nächst Daten 2025:

  • Umeldung onbedengt neideg!

  • de 17/08/25 um 15h30

    en ganz praktesche Workshop wou's du an dai Partner/Begleedpersoun lauter wierksam Technique mat op de Wee kritt fir d'Gebuert.

    -Akkupressur

    -Entspanungstechniquen

    -Rebozotechniquen

    -douce Straichungen fir d’Wuelbefannen

    zu Bieles an der wonnerschéiner Haerzstiffchen

  • Aschréiwunge sinn op!

    Date lee mir geschwënn zesumme fest, sou dat et a jiddferengem sai Kalenner passt

    (et ass 1 Datum dobai dee fir dech net passt? Deel mir et einfach mat a mir kucken zesummen am Grupp fir en aaneren amplaatz ze leen)

    Hypnose- & Entspanungstechniquen, Otmungen, vill Wessen iwert d’Physiologie vun der Gebuert, also dat wat d’Natur sech fir d’Gebuert ausgeduecht huet. Angschtopléisungen, Gebuertsprojet ausschaffen, etc

    live iwer Zoom gemittlech vun doheem um Canapé!

    480€/Mamm oder Koppel

  • Aschréiwunge sinn op!

    Date lee mir geschwënn zesumme fest, sou dat et a jiddferengem sai Kalenner passt

    (et ass 1 Datum dobai dee fir dech net passt? Deel mir et einfach mat a mir kucken zesummen am Grupp fir en aaneren amplaatz ze leen)

    Hypnose- & Entspanungstechniquen, Otmungen, vill Wessen iwert d’Physiologie vun der Gebuert, also dat wat d’Natur sech fir d’Gebuert ausgeduecht huet. Angschtopléisungen, Gebuertsprojet ausschaffen, etc

    live iwer Zoom gemittlech vun doheem um Canapé!

    480€/Mamm oder Koppel

  • Dauer: 2 Stonnen iwer Zoom

    -Otemtechniquen

    -Visualisatiounen

    -Entspanungstechniquen

    ideal fir kuerz a knackeg Techniquen a Vertrauen fir deng Gebuert mat op de Wee ze kreien.

    Awer och falls du mol wells an d'Hypnobirthingwelt eraschnupperen iers du dech an de grousse Cour aschreiws (du kriss dei 60€ guddgeschriwen op en Hypnobirthingcour)

    60€/Participant (am Grupp)

  • De nächste Postpartum kreess fängt am September

  • Op Nofro

    Austauschkreess iwer Temperaturmethod

    Dee Kreess ass fir dech wanns du wells:

    ✨ dain Zyklus verstoe léieren

    ✨ Temperathurmethod (NFP) wells kenneléieren

    ✨ dir e Bebe wënschs/kee Bebe wënschs an domat wells deng fruchtbar Deeg erausfannen

    ✨ firwelzeg bass a wells mei dozou wessen, egal op’s du deng eicht Regel nach net haas oder schon an der Menopause bass

    ✨ selwer Temperaturmethod uwenns a wells Austausch mat aaneren doriwer hunn

    iwer Zoom am Grupp 20€

  • All meng Servicer sinn als 1-1 Couren zu all Moment buchbar

  • kierperlech Entspanung zu Elvange Bieles oder bei dir doheem

    Droberodung bei dir doheem

“Du kanns d’Wellen net stoppen, awer du kanns léieren op hinnen ze surfen”

Jon Kabat-Zinn